Skip to main content
Publiez votre CV - Laissez les employeurs vous trouver

emplois Psychologue Psychologue

Trier par : -
Een Psychologue - Master en psychologie (w/m/x) - Bettange sur Mess
Bettange

Description du poste

Beschreiwung

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Ausbildungs- a Schaffstrukturen zu Betten - een Psychologue (Master en psychologie) (w/m/x) fir e CDD (Dispense, Congé Maternité, Congé Parental) an 32 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten


Psychologisch Begleedung an Ënnerstëtzung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Ausbildung- an Aarbechtsstrukture schaffen; durch Enzelgespreicher, Familijenarbecht, psychologisch Testingen, an Begleedung vun den Equippen. Dir schafft an enker Zesummenaarbecht mam techneschen an edukativem Fachpersonal.


Obligatoresch Ufuerderungen


D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • de Führerschäin Klass B hunn




Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.




Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French
Permettez aux employeurs de vous trouver.Téléchargez votre CV